Trainingsplang ab dem 23. November 2020 - update

Trainingsplang ab dem 23. November 2020 - update

    CONSIGNE FIR DEN TRAINING BEIM AB CONTERN SOULANG COVID ALARM ASS  (update November 2020)

World Flag Icons, France flag icon transparent background PNG clipart |  PNGGuru Version française

Flag of the United Kingdom , english transparent background PNG clipart |  HiClipartVersion in english

Wa mer wëlle secherstellen dat och weiderhin an dësen Zäiten kann Basket gespillt ginn, ass et essentiell dass dei virgeschriwe Regelen a Moossnahmen ALLEGUER a vu JIDERENGEM respectéiert ginn.
Dofir : Den Trainer muss senge Spiller rappeléiren wéi d’Consigne sinn, an dass se mussen agehal ginn.


1)   
Eischte grousse Prinzip : e Spiller dee Symptomer huet, dei kënnten op COVID hindeiten, muss doheem bleiwen resp. direkt rem heemgoen ! Hien riskeiert net nëmmen sein Entourage a Gefor ze bréngen, mais och seng ganz Equipe, de ganze Club an am schlëmmste Fall de ganze Championnat.

2)
Jidereen muss seng Mask unhunn, fir an d’Hal a fir aus der Hal eraus, plus an de Vestiairen a fir all Déplacement innerhalb der Hal, zb fir op d’Toilette ; just um Terrain brauchen d’Spiller se net unzehunn! Den Trainer muss awer de ganzen Training seng Mask unhunn !

3)     
Bei der Entrée a bei der Sortie muss jidereen seng Hänn un de Spenderen dei opgestallt sin désinfizeiren ; d’Spiller sollen souweit wei méiglech wann se kommen färdeg ugedoe sinn  sou dass se an der Hal just den Trainingskostüm ausdoen an d’Basketsschong undoen mussen ; jidereen dierf nemmen seng eege Waasserfläsch benotze

4)     
Ausser an Ausnahmefaell, sollen d’Vestiaren an d’Duschen NET benotzt ginn bei den Traininger !  wann et eemol awer misst sinn, dann mat dem néidegen Ofstand an net zu méi wéi 4 am selwechte Raum

5)     
Den Trainer suergt dofir dass virum Training d’Bäll an dat anert Material wat soll benotzt gin, désinfizeiert ginn ; D’Strutz steet am local technique a soll och ëmmer rem dohinner zereck gestallt ginn !

6)     
Op all Training muss den Trainer eng Lëscht opstellen vun de Leit déi op dem Training präsent waren ; Dei Lëschte gin nom Training per e-mail oder WhattsApp Message gescheckt un de Patrick Medinger, de Claude Mathieu an de JeanLou Margue, déi an deem Beräich de Kontakt mat den Autoriteiten machen (Gemeng, Portieren,…)

7)     
Tëschen den Trainingsentitéiten, sollen d’HaalenDiren opgemat ginn, zousätzlech zur Anlag dei an der Haal permanent d’Loft échangéiert ; mir kucken nach mat der Gemeng wei daat mam Lëften am bäschte kann organiséiert ginn.

Tëschent all Trainingsunitéit  ass eng Paus vun 15 Minuten agebaut. Trainingszaïten sollen strikt vum Trainer agehaalen ginn.

8)     
Dat neit Reglement vun der Regierung gesaït vir dass « pro zone » nëmmen 3 Gruppen à je 4 Spiller, dh maximum 12 Spiller kënnen traineiren. D’FLBB huet recommandeiert pro Drëttel maximal je zwee Gruppen vu Spiller trainéiren ze loossen : also 2x4 Spiller x3 Felder = 24 Spiller maximal pro Training!
Dei Gruppe vu 4 sollen während dem Training zesumme bleiwen an net gemixt ginn !
Wann et der méi wéi 12 wieren, dann get gekuckt fir där Kategorie op eisem Trainingsplang eng  zousätzlech Plage ze organiséiren. 

N.B : An eiser Haal Um Ewent » hu mir - je no Situatioun - zwou oder drei Zonen, an déi  mussen durch 1 oder 2 Rideauen getrennt ginn.

9)     
D’Participation vun eise Spiller ass ab elo op eng eenzeg Kategorie beschränkt, dat heescht dass et de Moment a jusqu’à nouvel avis net erlabt ass, dass Spiller a verschiddene  Kategorien traineiren ! E Cadet muss also entweder mat de Cadets traineiren, oder mat den Espoirs oder mat der éischter Equipe … an net méindes mat der enger an dënsdes mat enger anerer Kategorie.

10)  
Fir d’Kraizen an der Haal op e Minimum ze beschränken sollen d’Spiller déi Zone déi fir hiren Training virgesinn ass, eréischt 5 Minuten virum Ufang vum Training betrieden, an och wa méiglech 5 Minutten no hirem Training d’Hal verloossen.

Fir heem ze goen sollen d’Spiller d’Trapen eropgoen an d’Sortie benotzen wou normalerweis d’Zuschauer eran- an erausginn.

Fir Traininger wou regelméisseg méi wéi 12 Spiller pro Kategorie erward gin (Beispill : Butzen, Débutants,…), gin nach zousätzlech Regelen a Recommandatiounen opgestallt

 

E laeschte grousse Prinzip zum Schluss :

An der heitëger Situatioun hu mir voll Versteesdemech wann een net kann oder wëll op den Training kommen. Et brauch een dofir och keng Ursaach unzegin !

et soll een sech just awer bei sengem Trainer ofmellen ! Merci !

 

 

De Comité vum AB Contern

4.November 2020