Training - UPDATE 05/02/2021
Trainingsplang ab dem 1. Februar 2021 - UPDATE 05/02/2021

Training - UPDATE 05/02/2021

CONSIGNE FIR DEN TRAINING BEIM AB CONTERN SOULANG COVID ALARM AS (Update 15. Januar 2021)

World Flag Icons, France flag icon transparent background PNG clipart |  PNGGuru Version française

Flag of the United Kingdom , english transparent background PNG clipart |  HiClipartVersion in english

 

Wa mer wëlle secherstellen dat och weiderhin an dësen Zäiten kann Basket gespillt ginn, ass et essentiell dass dei virgeschriwe Regelen a Moossnahmen ALLEGUER a vu JIDERENGEM respectéiert ginn.

Dofir : Den Trainer muss senge Spiller rappeléiren wéi d’Consigne sinn, an dass se mussen agehal ginn.

1)      Eischte grousse Prinzip : e Spiller dee Symptomer huet, dei kënnten op COVID hindeiten, muss doheem bleiwen resp. direkt rem heemgoen! Hien riskeiert net nëmmen sein Entourage a Gefor ze bréngen, mais och seng ganz Equipe, de ganze Club an am schlëmmste Fall de ganze Championnat.

2)      Jidereen muss seng Mask unhunn, fir an d’Hal a fir aus der Hal eraus, plus an de Vestiairen a fir all Déplacement innerhalb der Hal, zb fir op d’Toilette; just um Terrain brauchen d’Spiller se net unzehunn! Den Trainer muss awer de ganzen Training seng Mask unhunn!

3)      Bei der Entrée a bei der Sortie muss jidereen seng Hänn un de Spenderen dei opgestallt sin désinfizeiren; d’Spiller sollen souweit wei méiglech wann se kommen färdeg ugedoe sinn  sou dass se an der Hal just den Trainingskostüm ausdoen an d’Basketsschong undoen mussen; jidereen dierf nëmmen seng eege Waasserfläsch benotzen

4)      Laut den neien Instruktiounen dierfen keng Leit (Zuschauer oder Elteren) während den Traininger an der Haal sinn; also drop-off vun de Spiller/innen virun der Haal

5)      Ausser an Ausnahmefäll sollen d’Vestiaren an d’Duschen weiderhin NET benotzt ginn bei den Traininger!  Wann et awer eemol misst sinn, dann w.e.g. mat dem néidegen Ofstand vun 2 Meter a mat Mask (..an am bäschten net zu méi wéi 4 am selwechte Raum!).

6)      Den Trainer suergt dofir dass virum Training d’Bäll an dat anert Material wat soll benotzt gin, désinfizéiert ginn ; D’Strutz steet am Local technique a soll och ëmmer rem dohinner zereck gestallt ginn !

7)      Déi Spiller/innen déi per Whattsapp oder anere Message fir op en Training convoquéiert gin, sollen sech - wann si net kënne kommen - per sms fir deen Training ofmellen! Merci

8)      Op all Training muss den Trainer eng Lëscht opstellen vun de Leit déi op dem Training präsent waren. Déi Lëschte gin nom Training per e-mail oder WhattsApp Message geschëckt un de Patrick Medinger, de Claude Mathieu an de JeanLou Margue, déi an deem Beräich de Kontakt mat den Autoritéiten machen (Gemeng, Portieren,…)

9)      Tëschen den Trainingsentitéiten, sollen d’Haalendiren opgemat ginn, zousätzlech zur Anlag déi an der Haal permanent d’Loft échangéiert ;

Tëschent all Trainingsunitéit  ass eng Paus vun 15 Minuten agebaut. Trainingszäiten sollen strikt vum Trainer agehaal ginn.

10)   D’Haal muss (ausser bei den Seniors A Equippen) an dräi gedeelt sinn an d’Rideauen mussen permanent erofbleiwen! Dat ass d’Conditioun fir dass « pro Drëttel oder Zone » zesummen (dh Traineren compris!) maximal 10 Persounen kënnen trainéiren.

11)   Mir hate bis elo jo recommandéiert pro Drëttel maximal je zwee Gruppen vu 4 Spiller trainéiren ze loossen: also 2x4 Spiller x3 Felder = 24 Spiller maximal am selwechte Moment um Training!

Dei Gruppe vu 4 sollen während dem Training zesumme bleiwen an - wann nëmmen méiglech - net gemixt ginn!

12)   D’Inhalter vun den Traininger mussen vun den Traineren adaptéiert ginn fir déi nei Regelen (besonnesch d’2 Meter Distanz!) ze respektéiren. Et wäert also méi Akzent geluegt ginn op Ball handling, Dribbelen an alle Formen, Passen (mat 2m Distanz), Shooting (pro Kuerw 3 bis maximal 4 Spiller). Aner Übungen ouni 2 Meter Distanz  a mat Kierperkontakt sinn och méiglech, awer dann nëmmen an Zwéeergruppen; pro Drëttel also dann 4 Gruppen zu 2! …. an och déi sollen - wann nëmmen méiglech - net gemixt ginn !

13)   Mir recommandéiren nach ëmmer fir d’Participation vun eise Spiller op eng eenzeg Kategorie ze beschränken, dat heescht dass et - de Moment a jusqu’à nouvel avis - net erlabt ass, dass Spiller a verschiddene  Kategorien trainéiren! E Cadet muss also entweder mat de Cadets trainéiren, oder mat den Espoirs oder mat der éischter Equipe … an net Méindes mat der enger an Dënsdes mat enger anerer Kategorie.

14)   Fir d’Kräïzen an der Haal op e Minimum ze beschränken sollen d’Spiller déi Zone déi fir hiren Training virgesinn ass, eréischt 5 Minuten virum Ufang vum Training betrieden, an och wa méiglech 5 Minutten no hirem Training d’Hal verloossen.

Fir heem ze goen sollen d’Spiller d’Trapen eropgoen an d’Sortie benotzen wou normalerweis d’Zuschauer eran- an erausginn.

OPGEPASST : Eng wichteg Neierung ass och dass déi Strofen déi vum Gesetz virgesinn sinn wann een sech net un d’Virschrëften hällt, dass all déi Sanktiounen sech an Zukunft och ausdrëcklech op de Beraïch vum Sport wärten applizéiren! dat war bis elo net esou kloer gesot!

E läschte grousse Prinzip zum Schluss: An der heiteger Situatioun hu mir voll Versteesdemech wann een net kann oder wëll op den Training kommen. Et brauch een dofir och keng Ursaach unzegin !

….. et soll een sech just awer bei sengem Trainer ofmellen ! Merci !


Traininger fir eis Butzen sinn de Moment a bis op weideres leider net méiglech, well d’Limitatiounen an d’Contrainten esou sinn dass mer dat och mam beschte Wëllen net anstänneg hikreien (zb Elteren dierfen net mat an d’Haal, Distanz anhalen,…). Mir bleiwen awer um Ball a kucken weider no Léisungen. Merci fir d’Versteesdemech !

 

De Comité an d’Jugendkommissioun

vum AB Contern

15. Januar 2021