67 View(s)
Pressemattdeelung - Dammen

Pressemattdeelung - Dammen

Den AB Contern ass frou matzedeelen dass den Headcoach Louis Wennig eis Dammen och en drëtt Joer wäert trainéieren a coachen, dëst Joer ënnerstëtzt vum Liz Engel als Assistant Coach. D’Liz ersetzt de Jhemp Sinner, deen no zwee Joer Assistant zu Contern, eng eege Verantwortung als Coach ustrieft.

Op den zwou Profipositiounen wäerte spillen d’Rachel Howard, wat no senger schwéierer Verletzung ab September erëm asazfäeg wäert sinn an d’Kiara Kudron, 24 Joer an 1,87 grouss, a wat no engem Joer zu Madrid bei Leganes (LF2) zu Contern ënnerschriwwen huet fir op der Positioun 4/5 d’Brittany Hodges ze ersetzen. D’Kiara huet säi College 2017 zu Gonzaga ofgeschloss a war (zesummen mam Rachel vun der USF) dat Joer och an den « First Team » vun de beschte Spillerinnen vun der West Coast Conference gewielt ginn.

Bei de Lëtzebuerger Spillerinnen ass keen Départ an en anere Club ze vermellen.

Den AB Contern ass och frou bei dëser Geleeënheet säi Coaching Staff fir d’Meedercherssäit ze annoncéieren, mat dem Carmen Nastor als Trainer fir d’Poussines, Jerome Altmann fir d’Fillettes Liz Engel fir d’Filles Scolaires, Jerome Altmann fir d’Cadettes.

Hinnen all wënsche mer all Guddes a vill Freed a vill Succès zu Contern !