On his way to Tipperary…

On his way to Tipperary…

Den AB Contern - besonnesch an der aler Hal - war bekannt a vu ville Géigner gefaart soubal den Tipperary gespillt ginn ass.

Dat war dem Ujhen Mackel a senge Blos Kollegen–Supporteren an och dem AB Contern säin Markenzeechen am ganze Land.

Den Ujhen huet eis leider des Woch fir ëmmer verlooss !

An der Doudemass an der Conter Kierch ass zum Schluss natierlech den Tipperary gespillt ginn !

RIP Ujhen a Merci !

NB : Den Ujhen war net nëmmen dem Basket säi bäschten Tubabléiser, mais och zB dem Club säi President fir d’Organisatioun vum 50ten Gebuertsdag vun eisem Club !