Grand Tournoi International Voyages Emile Weber

Grand Tournoi International Voyages Emile Weber

Highlight vun der Preseason 2022 beim AB CONTERN

Wei scho bal zanter 20 Joer ass och dëst Joer erëm um leschte Weekend éier d’Baskets Championnat ugeet, e groussen Internationalen Turnéier fir eisen zwou Equippen Dammen an Hären de leschte Schlaff ze ginn géint staark international Konkurrenz.

Hei de genaue Programm vum „Grand Tournoi International Voyages Emile Weber“ vun 2022 an der Hal „Um Ewent“ zu Contern  (Accès iwwer Syren!!):

 

Samsdes, de 17. September

14.00 Dammen: Panthères Liège (Europacup Equipe aus der Belsch, 4t vum leschte Championnat) géint Den Helder Suns (hollännesche Champion vun der Saison 21/22)

16.00 Hären:  Den Helder Suns (iewescht Divisioun aus Holland) géint TBB Trier (aus der däitscher ProA Liga, den neie Club vum Letzeburger NationalspillerAlex Laurent)

18.00 Dammen: AB Contern (Hallef Finalist vum leschte Lëtzebuerger Championnat) géint BC Marburg Blue Dolphins (Playoff Equipe aus der däitscher 1. Bundesliga)

20.15 Hären:  AB Contern (hëchsten Divisioun Lëtzebuerg) géint Yoast United (aus der ieweschter Liga aus Holland, trainéiert vum fréiere Conterner Trainer Paul Vervaeck)

 

Sonndes, den 18. September

12.00  Dammen: Spill ëm d’drëtt Plaz

14.00  Hären: Spill ëm d’drëtt Plaz

16.00  Dammen: Finale vun de Gewënner vu Samsdes

18.00  Hären: Finale vun de Gewënner vu Samsdes