Fir den 1. Spilldag feelen vill Arbitteren

Fir den 1. Spilldag feelen vill Arbitteren

Direkt um 1. Spilldag vun der Saison 2018/19 wäerte wuel eng ganz Rei Mätcher ouni offiziellen Arbitter musse gespillt ginn.

Am Moment feelen bei baal 20 Mätcher Arbitteren, dorenner e Cadets-Mätch aus der 1. Divisioun (Sparta-Etzella) oder nach beim Mätch Zolwer B - Musel Pikes B.

Basketlux krut vum Michel Patrick Glod bestätegt, dass am Moment ronn 50 Arbitteren feelen, dat aus diverse Grënn - eng extrem schwiereg Situatioun fir d'Commissioun vun den Arbitteren.

De Michel Patrick Glod erklärt, wéi der aktueller Situatioun entgéint geschafft gett:
Mir lancéieren e Projet wou Arbitter aus der Total league sech e jonken Arbitter siche ginn an deen um Terrain als “tuteur“ begleeden. De Jonke päift dann 10 Mätcher mam tuteur.. (Gett op der ASG Flbb presentéiert).
Mer hun der elo ca 10 déi dann mam “tuteur“ Jugendmätcher päife ginn. Veräiner musse sech och Gedanke maachen a mol selwer an hirem Verain an den Ekippen froen ob do keng Kandidate sinn. Et geet net duer Proposen fir “ASG“ eran ze reechen dat e Kommissär soll mat engem Arbitter gläichgestallt ginn fir Amende pour manque d’arbitres ze reduzéieren.“


Schon virun Wochen goufen d'Stroofen veröffentlecht, dei vill Clibb musse bezuelen, well si net genuch Arbitteren hunn.

Op desem Link fannt Dir de Programm vum 1. Spilldag. Wei gewinnt ginn d'Arbitteren an der Total League net dobei gesaat. Et gesäit een awer, dass ganz vill aner Mätcher am Senior- an Jugendberäich net besat sinn fir den 1. Spilldag.
--> http://www.flbb.lu/news_files/18-19%20conv%2002%20LUN%2017%20SEPT.%20-%2028%20SEPT.%202018.pdf