Eise laangjärege President an Éierepresident ass dout!

Eise laangjärege President an Éierepresident ass dout!

E klenge Réckbleck op déi Joren wou de Roger Braun dem AB Contern säi President war!

Wéi de Carlo Simmer 1987 als Präsident zëreck getratt ass, huet de Roger Braun iwwerholl

Eis Hal war grad ausgebaut ginn mat engem neie Buedem, mat richtegen Tribünen a mat eiser klenger Buvette,  an éischt méi systematesch Schrëtt a Richtung Sponsoring si gemaach ginn mat dem Icelandair Cup z.B.

An och de „Long Way To Tipperary“ erkléngt fir d’éischt an eiser Hal.

Dat war déi Zäit wou eis Hären fir d’éischt Champion ginn, d’Dammen mam Monique Maye fir d’éischt eng Amerikanerin kréien

Wou d’Hären op Badalona, Gerona a Bayreuth an d’Coupe d’Europe fueren, wou 1996 eis béid Equippen samschdes a sonndes um INS d’Coupe gewannen

An zum Schluss och déi éischt Jugendkommissioun zu Contern an d’Liewe geruff gëtt

Besonnesch bleift de Roger awer och an Erënnerung well hien all Joer de ganze Club, d.h. d‘Spiller an all déi, déi gehollef hunn zum Schluss vun der Saison op  e grousst Iessen invitéiert huet wat fir d’Gesellegkeet an den Zesummenhalt am Club extrem wichteg war.

1999 - no 12 Joer un der Spëtzt vum Veräin - trëtt de Roger zëreck a gëtt vum bisherege Vize-Präsident Klaus Pyter als Präsident ofgeléist.

De Roger war net nëmmen e Groussen am Basket mais och en leidenschaftlechen Jéer a stolzen Fëscher wéi een hei op den Fotoen vum Francis Jung kann gesinn.

De leschte Freideg ass de Roger gestuerwen! Den AB Contern seet senger Famill e grousse Merci fir all dat wat de Roger fir de Club geleescht huet ! R.I.P. Roger!