Eis Scolaires am Ausland

Eis Scolaires am Ausland

Eis Scolaires-Jongen (U16) waren vum 6 bis den 8 Abrëll 2018 op München. Do hun si 3 Mätcher géint Hellenen München esouwi géint IBAM gespillt. Obwuel si draimol knapps verluer hun, hun si awer gudd gespillt an gekämpft bis zum Schluss. Owes stong dann d’Kucken vun engem Bundesliga Basket Match vum FC Bayern München géint Giessen um Programm. Do konnten si dann di gudd Stëmmung am Audidome genéissen an sech bei den Profi eppes ofkucken fir hiert Spill ze verbësseren. Op Wonsch vun de Jongen war dann als Ofschloss eng visite guidée vun der Allianz Arena ugesoot, iert dann d’Busrees no 3 flotter Deeg, an deenen den Equipengeescht gestärkt gouf, erëm zreck op Contern gaangen ass.