Eis Dammenéquipe fir dei nei Saison steet….

Eis Dammenéquipe fir dei nei Saison steet….

Mir si frouh annoncéiren ze kënnen dass mer - nom Départ vum Paige Bradley (spillt elo an Australien) a Bridget Herlihy (spillt d’next Saison mat senger Schwester a Schweden)  - fir déi nei Saison mam Frankie WURTZ a Brittany HERNANDEZ konnten zwou Spillerinnen verpflichten déi de Letzeburger Championnat scho kennen an sech do och scho bewährt hunn.

 

D’Frankie (1,73 grouss a Joergang 1996) kennt vun der Green Bay University wou hat a sengem senior year 2020 an de First Team an och an den Defensive Team vun der Horizon League gewielt gi war, huet hat an der Saison 2020/21 zu Steesel gespillt!  Déi laescht Saison war d’Frankie an England en Haptpilier vun senger Equipe Sevenoak Suns  déi souwuel am Championnat wéi och an der Coupe déi zweet gi sinn.

 

D’Brittany (1,85 an 1993 gebuer) kennt vun der Colorado Springs University an huet duerno als Profi zwou Saisonen zu Bartreng gespillt. Zum Schluss vun der Saison 2020/21 huet hat fir Grengewald gespillt (nodeems de Championnat an Australien zb durch de Covid guer net ugefang huet). Déi läscht Saison war hat a Schweden bei Mark Marbo déi an der Damligan am Playoff vum neie schwedesche Champion éliminéiert gi sinn.

 

Domadder ass d’Equipe vum Headcoach Fabienne FUGER rem komplett. D’Fabienne gett an der neier Saison assistéiert vun der langjähreger Kapitänin Claire MARGUE a kann fir die nei Saison op de ganze Kader vun der laeschter Saison zielen, mat der Ausnahm vum Laetitia Schumacher wat sein transfert op Stesel annoncéiert huet. Och d’Lena Wintersdorf huet annoncéiert de Club a Richtung Muselpikes ze verloossen.

 

Den AB Contern ass extra frouh kennen d’Arrivée vum Liz Irthum (1.82 grouss an 2001 gebuer) ze annoncéiren wat vum Grengewald kennt a Member ass vum U23 Nationalkader; an och d’Sophie Sunnen kennt no e puer Joer Absence rem zreck an sein éischte Club wou hat grouss ginn ass.

 

Hinnen alleguer wënsche mer:  Bonne chance a vill Succès fir déi nei Saison !

 

Go ladies, go !