E Pionéier vum AB Contern, den André WEBER, ass verscheet
20.10.1939 - 19.01.2021

E Pionéier vum AB Contern, den André WEBER, ass verscheet

Den AB Contern denkt un den André WEBER deen virun e puer Deeg verscheet ass an dréckt senger Fra a senger Famill säin opriichtegt Bäileed aus

Den André Weber (op der Foto mat der Nummer 10) war am Fréijoer 1956 ee vun de Conterner Jongen déi  no der Grënnung vum AB Contern an der éischter  Härenequipe am Championnat matgespillt hunn.

 
Och am Juni 2016 war hien an der Hal Um Ewent dobäi bei de Feierlechkeeten vum 60ten Anniversaire vum Club mat sengen Co-Equipieren vun der éischter Stonn  (op der Foto riets vun him den Nicolas Reuter, den Arthur Besch an de Felix Heuertz).