E Mann vum AB Contern senger alleréischter Stonn…

E Mann vum AB Contern senger alleréischter Stonn…

…ass den 2te Maerz zu Contern begruewen gin.

De Marcel Besch ass 81 Joer al gin, a, wei 1956 den AB Contern gegrënnt gin ass, war hien als jonke Borscht vum Duerf mat an der éischter Rei, iwregens mat sengen zwee Bridder, dem Gast an dem Arthur.

An de « Geschichtsbicher » vum Veraïn, gët hien esouguer gefouert als Präsident vum provisoresche Comité, deen - no enger Spillerversammlung - fir e puer Deeg duerno op d’Grënnungsversammlung vun den Amis du Basket Contern an de Café Heuertz invitéiert huet.

Als Spiller - mat der Trikotnummer 4 - huet de Marcel Besch mei wei 10 Joer fir den AB Contern gespillt.

Senger ganzer Famill , besonnesch sengem Jong Marco a senger Duechter Marie-Paule, dei allebeid och laang Joren fir den AB Contern gespillt hun, a sengen Enkelen Yann a Jeff, dei haut nach an eisen Härenéquippe spillen, drécke mir eis opriichtegt Matgefill aus.

Ouni den Enthousiasmus an d’Schaffen , ouni d’Dru Gleewen vun de Pionnéier wier den AB Contern net dat gin, wat en haut ass, ….ee vun deeene gréissten an erfollegsräichste Sports Clibb aus der Ëmgéigend !

Photoen vun eiser Equipe vun 1956 mam Marcel Besch #4