58 View(s)
DEN NICO HUBER ASS DOUT

DEN NICO HUBER ASS DOUT

1988. Mam Nico Huber als Trainer gëtt den AB Contern Champion. Den éischte Championstitel fir eise Club !

Den Architekt vun deem Titel, den Trainer Nico Huber ass dout. Mir denken mat Emotioun un den Nico an drécken senger Fra a Famill eist déifste Matgefill aus!

Hei eng Foto aus der Saison 87/88. D’Equipe mat - nieft dem Headcoach Nico Huber - de Camille Medinger, den Ami Michael Norman (dee fir Kreschtdaag vum Eric Nordmann huet missen ersat gin), den Usch Medinger, de Luc Grethen an de Camille Stirn. Ennen de Carlo Thommes, Edy Steffen, Misch Reiland, Schniggy Goergen a René Keiser.