Den AB Contern geet an déi nei Saison, weiderhin ënnert der Féierung vum Fabienne Fuger a mat zwou neien Auslännerinnen !

Den AB Contern geet an déi nei Saison, weiderhin ënnert der Féierung vum Fabienne Fuger a mat zwou neien Auslännerinnen !

Den AB Contern ass frouh matzedeelen, dass d’Fabienne Fuger, weiderhin ënnerstëtzt vum Liz Engel, och an der Saison 2020/21 d’Dammenéquipe wäert preparéiren a coachen.

D’Leah Somerfield (Oakland2018, duerno en éischt Joer a Portugal, an d’lescht Saison an der Schweiz bei Troistorrents) an d’Leonie Edringer, fréier däitsch Jugendnationalspillerin vun Tréier (Boise State an Adelphi New York 2020) wäerten d’Equipe verstäerken. 

Bei den Lëtzeburger Spillerinnen ass keen Départ an en anere Club ze vermellen, allerdengs wäert d’Jessy Goergen wéinst sengen Master-Studien eng Paus machen an net zur Verfügung stoen.

Mir sin zouversiichtlech daat Lach mat de jonke Spillerinnen aus der Cadettes Equipe vum Club opfëllen ze kënnen. 

Bei der weiblecher Jugend bleiwen d’Traineren Fabienne Fuger, Liz Engel a Jérôme Altmann en charge, grad wei d’Anne Ludivig als Athletik Trainerin. 

Hinnen all wënsche mer vill Freed a Succès zu Contern !