De Roger HEUERTZ ass doud - den AB Contern verléiert een vun sengen Pionnéier!

De Roger HEUERTZ ass doud - den AB Contern verléiert een vun sengen Pionnéier!

De Roger war ee vun de Pionneier vum AB Contern, e Member vun der éischter Equipe déi viru méi wéi 60 Joer zu Contern mam Basket ugefang hunn.

An eiser Chronik steet zb dat hei : op Seite 34 an eisem 60Joër Buch

  • « Virdrun haten awer schonn de Roger Heuertz an den Emile Stirn zesumme geschwat fir hei am Duerf ee Sportsveraïn opzeriichten, well keen do war »
  • « am Januar hat de Roger Heuertz den éischte Basketball mat op Conter bruecht an am Danzsall vum Café Heuertz » - dem Roger sengem Elterenhaus – « ass probéiert ginn mam Ball ëmzegoen »

Duerno war hien net nëmme Spiller, mais och Trainer vu munche Jugendéquippen vum Club an och vun der Dammenéquipe.

Hien war och fir e puer Joer dem Club saï Keessjée a bis zum Schluss en treie Supporter, och wann an der Läscht seng Gesondheet leider ëmmer mei schlecht ginn ass a grad wei säin Brudder Felix war de Roger net nëmmen am Basket aktiv, mais och als Athlet an als Trainer bei der Spora an der Liichtathletik.

Den AB Contern behällt de Roger HEUERTZ fir alles wat hien fir eise Club gemat huet a gudder Erënnerung !

Eist Bäileed geet u seng Famill an u seng vill Frënn.