D’Dammenéquipe vum AB Contern iwerreecht e Chèque un Sportunity

D’Dammenéquipe vum AB Contern iwerreecht e Chèque un Sportunity

Um Ufank vun der laeschter Saison hat d’Dammenéquipe vum AB Contern op Initiativ vum Jessy Goergen hire Supporter en Challenge gesat  fir Suen ze sammelen fir e gudden Zweck.

Je no der Zuel vu gewonnenen Matcher vun der Equipe sollten d’Leit spenden !

Bénéficiaire sollt sin Sportunity , eng Organisatioun dei sech asetzt fir « Integration through Sports » d.h. gréisstendeels fir Refugiéskanner ze erlaaben Sport ze machen, siew et an hiren Zentren zu Letzebuerg, siew et an den normale Clibb am Land,

an deems si Uniformen an aner neideg Material zur Verfuegung gesat kreien, an /oder Cotisatiounen an Entréesgelder iwerhuelen,… (cf : www.sportunity.org)

Bei Geléeenheet vum Family Day, de laeschten Juni, ass « Um Ewent » de Cheque iwerreecht gin, en Total vun ëmmerhin 1101 euros !

Op der Foto vum Patrick Medinger: D’Vertrieder vun Sportunity , d’Mme Ostrowska an den Agron Hyseni an en Deél vun de Conter Spillerinnen bei der Iwerreechung.

! Bravo an en decke Merci un all Spender an un eis Dammen fir dée flotte Geste !