D‘Dammen Preparatioun ass scho voll am Lafen!

D‘Dammen Preparatioun ass scho voll am Lafen!

Nodeems eis Dammenequipe de leschte Weekend vum August um Tournoi zu Heidelberg géint Heidelberg a Goettingen gespillt huet (2x gewonne an 1x verluer) haten si de leschte Weekend zu Contern um „Ewent“ e gréisseren and intensiven Trainingscamp mat engem Match géint den Opsteiger vun Zolver als Ofschloss. Eng Rutsch Saachen klappen schonn esou wei eis Traineren sech dat virstellen, et ass awer kloer dass nach weider vill muss geschafft ginn.

Haut den Owend ass em 19.00 zu Contern schonn den nächste Preparatiounsmatch, an dat géint de Champion vun den zwee leschte Joren, den T71 vun Diddeleng! Do hänken d’Drauwen natierlech extra héich!

Avis aux amateurs! D‘Entrée ass fräi.