AB Contern Dames: Madison LANDRY quitte , Paige BRADLEY arrive

AB Contern Dames: Madison LANDRY quitte , Paige BRADLEY arrive

Changement au niveau des professionnelles chez AB Contern

Madison Landry ayant demandé de quitter son contrat de commun accord pour Noël, AB Contern a engagé comme deuxième joueuse professionnelle aux côtés de Bridget Herlihy la joueuse américaine Paige Bradley.

Née en 1995 et sortie de la Denver University en 2016, Paige a joué 3 ans en 1ère Bundesliga à Marburg avec lesquelles elle a joué aussi en EWBL.

Lors de la saison 2020/21 elle a joué à Würzburg en deuxième Bundesliga avec laquelle en mai 2021 elle jouait pour la montée en 1ère Bundesliga.

Paige est attendue à Contern début janvier.   

Thank you Madi and All the best for you !

Welcome Paige and good luck in Contern! 

Nodeems eis Kanadierin d’Mady LANDRY, virun  zwou Wochen gefrot huet fir aus sengem Kontrakt entlooss ze ginn an hat no der Chrëschtdagspaus net méi wäert op Contern zeréck kommen, huet de Club aktiv no engem adequaten Remplacement gesicht.

Mir freeën eis haut mat ze deelen dass d’Amerikanerin Paige BRADLEY, 26 Joer an 1,75 m grouss, ab dem 3te Januar wäert beim AB Contern nieft dem Bridget HERLIHY déi zweet Profipositioun iwwerhuelen. 

D’Paige huet no senge Joren op der University of Denver - vun 2016 un - dräi Joer zu Marburg an der éischter däitscher Bundesliga gespillt an och mat Marburg an der CEWL League (Central European Women’s League)

2019 ass hat op Würzburg gewiesselt wou d’Equipe an der zweeter Bundesliga an der Saison 2020-21 kee Match verluer huet; just an den zwee Opstiegsmatcher fir an d‘eischt Bundesliga war Düsseldorf iwwerléen, woubäi awer d’Paige an deene zwee Matcher mat 29 resp 17 Punkten jeeweils seng Leeschtung bruecht huet.

Mir wënschen him dass hat och zu Contern säi ganzen Enthusiasmus a seng Stäerkten voll kann erabréngen, an natierlech och dass eis Equipe ab elo vu weidere Verletzunge verschount bleift a mer am Laf vum Januar souwäit wéi méiglech rëm komplett kënnen ugräifen.  

Dobäi war di Victoire gëschter Owend géint de Gréngewald jo mol schonn e gudden Ufank!

Photos Paige Bradley