3. Phase vum Deconfinement am Sport

3. Phase vum Deconfinement am Sport

Den 29. Mee si mir an die 3. Phase vum Deconfinement gestart, déi och Lockerungen fir den Basket virgesäit. Et goufen néi Konzepter fir de Sport ausgeschafft, déi festhalen wéi Traininger am Respekt vun den COVID-19  Sécherheetsmoossnamen a Mesuren ofgehalen kenne ginn.

Am Resumé kann een festhalen, dass beim Basketspillen an der Hal:
– keen direkte kirperleche Kontakt an esou och keen Wettbewerb erlabt ass
– 2 Meter Distanz zu all Moment muss tëschent de SpillerInnen an TrainerInnen sinn.

Am Verglach zur Phase 2 vum Deconfinement huet sech am Basket geännert, dass d’Konzept vun der FLBB elo virgesäit, dass 2 SpillerInnen op engem Kuerf trainéieren dierfen, dat heescht “PASSEN“ mam Ball sinn erlabt, woubäi weiderhin allerdengs déi uewen genannten 2 Haaptreegelen mussen agehale ginn. Donieft sinn d’Vestiairen an d’Duschen erëm op.

D’Entscheedung zur Ouverture vun den Sportshalen läit bei den jeeweilegen Gemengen.
D’Material muss reegelméisseg desinfizéiert ginn an tëschent den “Traininger“ mussen Pausen gemaach ginn fir ze lëften. Jiddereen, deen während dem Training an der Hal ass, awer net aktiv matmécht, muss och e Mask droen.

Allgemeng Reegelen fir de Sport vum Ministère

Déconfinement phase 3

Symptomes COVID-19