• 1

Sponsors

E Sonndeg besser machen

No enger durchwuessener Leeschtung verléieren eis Dammen geschter Owend mat 55-68 géint d'Pikes. Besonnesch an der zweeter Halschecht ware mer souwuel an der Offense wéi an der Defense ënnerleen! Elo heescht et fir de Retourmatch um 18h00 e Sonndeg Kraaft an Energie ze tanken an et op de Pikes besser ze machen!
Esoulang nach eppes méigelech ass, gleewe mer drunn! 
Go ladies go!

Dammen: Éischt Halleffinall en Dënschdeg, den 18. Abrëll

Nom läschten Playoff-Match steet fest dass eis Dammen d'Halleffinall géint d'Musel Pikes spillen. Un sech ass et schon am läschten Playoffmatch net méi wirklech em vill gangen. Dësen gouf knapps mat 67:69 verluer - géint d'Musel Pikes.

Fir eis Dammen geet et elo schon direkt d'nächst Woch virun, well den éischten Match gëtt schon en Dënschdeg, 18. Abrëll um 19h30 gespillt. A well d'Musel Pikes sech derfir entscheed hunn den éischten Match auswärts ze spillen gett dee Match en Dënschdeg bei eis zu Contern gespillt.

Hei den kompletten Programm vun der Dammen Halleffinall:

  • 18.04.2017 - 19h30 :  CONTERN - PIKES
  • 23.04.2017 - 18h00 :  PIKES - CONTERN
  • 28.04.2017 - 20h00 :  PIKES - CONTERN  (wann en 3. Match gespillt gëtt)

HÄREN: Läschten Saisonsmatch e SAMSDEG 15.04

Nodeems eis Hären eng ganz gutt Saison gespillt hunn, an d'ganz Saison iwwer ëmmer ganz vir an der Tabell ze fannen waren, sollt et zum Schluss nach nët ganz duer goën fir an den Final 4.

Domatt spillen eis Hären dann elo dësen Samsdeg, 15.04.2017 um 20h30 bei eis an der Hal hieren läschten Match fir dës Saison - an dat géint d'Musel Pikes, fir déi et nach em eppes geet. Deemno versprecht och deen läschten Match vun der Saison keen langweilegen ze ginn. Kommt an d'Hal, ënnerstëtzt eis Equipe an suergt fir e flotten Ofschloss vun der Saison bei eisen Hären.

  • 1
  • 2

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...