• 1

Sponsors

Damen gewannen eisen Tournoi

No engem ganz équilibreierten Dammentournoi (kee vun de  4 Matcher ass mat méi ewéi 10 Punkten Differenz ausgang), huet eis jonk Equipe verdengt an dach awer e bessi iwerraschend den Tournoi gewonnen.

 

No engem 70-63 Erfolleg e Samsdeg géint Liège Panthers (d'läscht Saison ënnert dem Numm Sprimont dei 5. an der belscher ierweschter Divisioun) hunn sie sech an der Finale mat 81-71 durchgesat géint Binnenland Rotterdam, den hollänneschen Doublégewënner vun 2014.

Time to say...Merci!

D’Anne, d’Claire an d’Tessy ! Si bleiwen dem Club trei a spillen elo nach weider an der 2. Equipe !

Allendräi hunn laang Joëren d’Geschicht vun eiser Equipe staark geprägt, hunn 2004 de Championstitel gewonn an um Ufank vum Jorhonnert 4 mol d’Coupe mat op Contern bruecht. Donierwt hunn si jorelaang Nationalequipe a fir Contern an der Coupe d’Europe gespillt, vun hiren Titelen mat de Jugendequipen vum AB Contern an hire Sélektiounen an de verschiddene Jugendnationalequippen net ze schwätzen. Si hunn ouni Zweiwel déi bis elo schéinste Säiten fir de Conter Dammebasket gehollef schreiwen an hunn den Ënnerbau geluecht fir dat wat elo – ouni si – weider am Wuessen ass.

  • 1
  • 2

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...