Filles scolaires - Finale vun der Coupe !
Den nächsten Samsdeg, 30 Abrëll um 15:45 Auer trëtt eis Filles Scolaires Equipe ënnert hierer Trainerin Dora Kratochvill an der Coque géint de grousse Favorit T71 Diddeleng un !
Eis Meedercher, déi den Tour final vum Championnat an der zweeter Divisioun spillen, hunn bewisen dass sie - ouni de Verletzungspech an der virechter Etape - hier Plaz ganz uewen gehat hätten. An der Halleffinale hunn sie nämlech déi zweet bescht Equipe vum Championnat, Walfer, no engem immens intensiven a spannenden Match mat 68-67 geklappt an dierfen elo fir d’Finale an d’Coque !
Allez Meedercher, gidd drun …a gleewt un Iech !
Den ganzen ABC steet hannert Iech an dréckt iech d’Daumen !












