Sponsors

En schwéieren Match

Dass et géing ganz schwiereg ginn ze bestoen géint Reims, d'läscht Saison déi 6t an der franséischer Ligue feminine2 (ëmmerhin also déi 20t stäerkst Equipe aus Frankräich), war jidderengem bewosst. Reims schonn 3 Wochen am Training, eis Meedercher réischt eng! Reims mat 4-5 Spillerinnen vun 1.85 a méi, Contern (nach bis den nächsten Dënschdeg) ouni Nadine Grieb!

 

Contern huet am Ufank staark matgehale a war 10-6 an 12-8 vir. Wat der Trainerin vu Reims awer och guer net gefall huet! Temps mort an der 6. Minutt, an du goung et richteg lass! Ganz héigen Rhythmus, ganz séiert a präzist Passspill, staarken Drang zum Kuerf vu Reims. D'Bridget scho mat 3 Feeler am éischte Véirel, dee mat 19-12 fir Reims op en Enn gaangen ass.

 

De Rhythmus ass héisch bliwwen, eis Meedercher hunn sech gutt gewiert, hunn net op ballhaalen gespillt, mee probéiert de Rhythmus sou gutt wei méiglech matzegoen, mee d'Been sinn no an no ëmmer méi schwéier ginn, an eis Schëss an och d'Layups sinn ëmmer nees erausgedréint. 20-47 (8-28) an der Paus!

Informatioun

Eis Homepage wärt an den nächsten Deeg an Wochen fir deen een oder aneren Moment net disponibel sinn. Dat well mir den Inhalt à jour setzen, an e puer kleng Sachen fir déi nei Saison änneren.
Et kann also sinn, dass die heinsdo e Message gesidd deen iech mattdeelt dass aus "Wartungsgrenn" d'Homepage net disponibel ass. Probéiert dann einfach méi spéit nach eng Kéier.

Merci fir ärt Verständnis.

Jesse Morgan pour Dylan Talley

Lors de sa préparation aux États-Unis, Dylan Talley s’est malheureusement blessé au genou. Il ne sera pas disponible avant fin octobre.

Les responsables des Amis du Basketball Contern ont décidé de ne pas prendre le risque d’attendre. Le contrat avec Dylan Talley a été annulé en commun accord.

Par conséquent, le club a du réagir et a engagé Jesse Morgan pour la saison 2016/2017. Jesse est un guard de 1.96m et 25 ans qui a évolué à l’Université de Temple en NCAA 1.

Welcome in Contern, Jesse.

D’Saison 15/16 ass eriwer! Vive d’Saison 16/17!

Genau wei bei der Première Ufanks Juli um Enn vun der läschter Saison, war och dëse Samsdeg 2. Juli, de grousse Familljendaag beim AB Contern, wou de ganze Club um Ewent de Schluss vun der Saison 15/16 zesumme gefeiert huet, eng Saison, wou muncher vun eisen Equippen jo schéin Erfolleger haten.

Vun halwer 10 Moies un ware bis an de spéiden Nometteg eran e Koup flott Aktivitéiten wou Jonk an Al e flotten Daag haten. Besonnesch d’Butzenolympiade an deé verschidden Matcher wou verschidden Equippen och géint hier Elteren ugetratt sinn waren e grousse Fury. Ausserhalb dem Terrain haten dat grousst Sprangschlass vun eisem Sponsor Muller Pneus an déi extra gudd Pangecher vun eisen Dammen Mireille an Dan dée gréissten Succès.

Déi verschidde Praisser, gestëfft vun eisem Sponsor Voyages Emile Weber vu Canech, sins des Kéier u folgend Leit gangen:

  • An der Catégorie : « Elteren »: eng Dagesrées fir zwou Persounen un de Maurice SCHU
  • An der Catégorie : « Traineren a Spiller » : eng Dagesrées vun zwou Persounen un de Patrick WALRAVENS
  • An der Catégorie : « Offizieller a Jugendarbitteren » : en Exemplar vum Sportsbuch 2015 un den Olivier CANO

Eisen Saisonofschloss war nees e flotten Dag fir d'ganz Famill. Merci dem Supporterclub, der Jugendkommissioun an jidferengem deen gehollef huet. Och eisem Sponsor Muller Pneus e Merci fir dat flott Sprangschlass.

Mir wënsche jiddferengem eng gudd Erhuelung an der Vakanz, ob dohéem oder am Ausland, an dass mer all gesond a monter an « in good shape and mood » erëm fir d’Saison 16/17 am August a fir dei 61. Saison vun eisem Veräin kennen untrieden.

GO, CONTERN, GO !

Communiqué de presse - Manny Atkins

Manny Atkins, 25 ans, un Américain de 1.98 m, forward, a signé un contrat pour la saison prochaine chez AB Contern. Manny est un forward qui jouera sur les positions 3 et 4, et sera le partenaire de Dylan Talley sur les spots des joueurs Non-JICL.

Après son parcours en NCAA 1 à l’université de Virginia Tech en conférence ACC et Georgia State en conférence Sun Belt, Manny est passé par la D League en Amérique et par la première ligue en Argentine l’année dernière.
Welcome in Contern Manny.

Au niveau de son équipe Dames, le club confirme la signature pour une 5ième saison de ses joueuses Non-JICL Nadine Grieb et Bridget Yoerger.

  • 1
  • 2

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...