En schwéieren Match
Dass et géing ganz schwiereg ginn ze bestoen géint Reims, d'läscht Saison déi 6t an der franséischer Ligue feminine2 (ëmmerhin also déi 20t stäerkst Equipe aus Frankräich), war jidderengem bewosst. Reims schonn 3 Wochen am Training, eis Meedercher réischt eng! Reims mat 4-5 Spillerinnen vun 1.85 a méi, Contern (nach bis den nächsten Dënschdeg) ouni Nadine Grieb!
Contern huet am Ufank staark matgehale a war 10-6 an 12-8 vir. Wat der Trainerin vu Reims awer och guer net gefall huet! Temps mort an der 6. Minutt, an du goung et richteg lass! Ganz héigen Rhythmus, ganz séiert a präzist Passspill, staarken Drang zum Kuerf vu Reims. D'Bridget scho mat 3 Feeler am éischte Véirel, dee mat 19-12 fir Reims op en Enn gaangen ass.
De Rhythmus ass héisch bliwwen, eis Meedercher hunn sech gutt gewiert, hunn net op ballhaalen gespillt, mee probéiert de Rhythmus sou gutt wei méiglech matzegoen, mee d'Been sinn no an no ëmmer méi schwéier ginn, an eis Schëss an och d'Layups sinn ëmmer nees erausgedréint. 20-47 (8-28) an der Paus!







