• 1

Sponsors

Mir gewannen géint Walfer

1 Heem- an een Auswärtsmatch waren bis elo gespillt. Resultat: 2x gewonnen. Mat Walfer stoung den drëtten Match vun der Saison um Programm an eis Hären haten sech natirlech virgeholl och deen Match ze gewannen. Virun enger gudd gefëllter Hal huet eis Equipe d'Grondlag vum Matchresultat dann och direkt am éischten Véierel geluecht. Deen ass mat 29:13 däitlech un eis gangen. Mee no den éischten 2 Spilldeeg wollt d'Résidence deen Match onbedengt gewannen an huet am zweeten Véierel dunn och eng Schëpp dropgeluecht. Sie konnten dunn och den zweeten an den drëtten Véierel vir sech entscheeden an et koum zu engem spannenden läschten Deel vum Match.

Durch eng super Teamleeschtung huet eis Equipe et färdeg bruecht dësen wichtegen Match um Enn ze gewannen. 5 vun eisen Spiller hunn 2-stelleg gescored! 

Den nächsten Week-end steet dann mam T71 keen einfachen Géigner um Programm, et heescht also elo sech d'ganz Woch konzentréiert virbereeden an dann fueren mer e Samdeg op Diddeleng. Mir invitéieren elo schon all eis Supporter dohinn ze kommen an eis Equipen zu Diddeleng unzefeieren: e Samdeg, 22.10.2016 geet et um 18h30 mat eisen Dammen lass.

Dammen an Hären hunn gewonnen

Dësen Weekend hunn eis béid Equipen an der TOTAL LEAGUE gewonnen. D'Dammen konnten sech e Freideg schon 41:82 géint den Telstar durchsetzen an eis Hären hunn geschter Owend mat 71:88 kloër géint Bascharage gewonnen. Den nächsten Match spillen eis Hären e Samdeg, 15.10.2016 Owes um 20h30 doheem géint Walfer. Eis Dammen spillen deen Weekend net. 

D'BALLE DE MATCH géint Walfer gëtt gesponsert vun der Firma SCHINDLER

Equipe Dames - Changement de date

Suite à la demande de Walferdange et de la FLBB, et afin de faciliter la participation de l’équipe nationale des -18 ans à un tournoi à l’étranger, le match de championnat de TOTAL League DAMES n’aura pas lieu le samedi 15 octobre, mais a été décalé au VENDREDI 4 NOVEMBRE 2016 à 20h30. Le match de TOTAL League HOMMES contre Walferdange n’est pas concerné et reste fixé au samedi 15 octobre à 20h30.

E puer Infos

Fir Leit déi villäicht net esou gewinnt sinn am Internet ze navigéieren:

Et gett 2 einfach Varianten fir ze wëssen wéini den nächsten Hären- bzw Dammenmatch ass:

  • Direkt op der éischter Säit rechts stinn par défaut d'Härenmatcher an fir d'Dammenmatcher muss een op "Dammen" klicken
  • Ënnert dem Menupunkt "Termine", do klickt een dann op dat wat een sicht, also entweder "Hären" oder "Dammen".
    Do steet dann de ganzen Programm esou wéi en bekannt ass, inkl. den Resultater.

Wat d'Resultater ugeet esou ass et genee deen selwechten Prinzip, et ginn par défaut d'Härenresultat ugewisen (rechts Kolonn), an fir d'Dammen muss een op "Dammen" klicken. Fir d'Jugendresultater wärt et e Link op flbb.lu ginn, dat heescht wann een ënnert "Jugend" op déi entspriechend Jugendéquipe klickt kritt och d'Jugendresultater per Link op flbb.lu ugewisen. Dat kennt an den nächsten Deeg.

Internationales Turnier - Aktuelle Ergebnisse

Bei den Herren:

  • AB CONTERN - ARANTIA LAROCHETTE                       : 84:64
  • ACADEMICS HEIDELBERG - APPOLO AMSTERDAM  : 77:42

  • ARANTIA LAROCHETTE - APPOLO AMSTERDAM         : 58:87
  • AB CONTERN - ACADEMICS HEIDELBERG                   : 70:90

Bei den Damen:

  • PARMASERV MARBURG - RHEIN MAIN BASKETS     : 90:53 
  • AB CONTERN - ALTE KANTI AARAU                             : 71:63

  • RHEIN MAIN BASKETS - ALTE KANTI AARAU               : 49:57
  • PARMASERV MARBURG - AB CONTERN                       : 83:79
  • 1
  • 2

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...