Mir gewannen géint Walfer
1 Heem- an een Auswärtsmatch waren bis elo gespillt. Resultat: 2x gewonnen. Mat Walfer stoung den drëtten Match vun der Saison um Programm an eis Hären haten sech natirlech virgeholl och deen Match ze gewannen. Virun enger gudd gefëllter Hal huet eis Equipe d'Grondlag vum Matchresultat dann och direkt am éischten Véierel geluecht. Deen ass mat 29:13 däitlech un eis gangen. Mee no den éischten 2 Spilldeeg wollt d'Résidence deen Match onbedengt gewannen an huet am zweeten Véierel dunn och eng Schëpp dropgeluecht. Sie konnten dunn och den zweeten an den drëtten Véierel vir sech entscheeden an et koum zu engem spannenden läschten Deel vum Match.
Durch eng super Teamleeschtung huet eis Equipe et färdeg bruecht dësen wichtegen Match um Enn ze gewannen. 5 vun eisen Spiller hunn 2-stelleg gescored!
Den nächsten Week-end steet dann mam T71 keen einfachen Géigner um Programm, et heescht also elo sech d'ganz Woch konzentréiert virbereeden an dann fueren mer e Samdeg op Diddeleng. Mir invitéieren elo schon all eis Supporter dohinn ze kommen an eis Equipen zu Diddeleng unzefeieren: e Samdeg, 22.10.2016 geet et um 18h30 mat eisen Dammen lass.





