• 1

Sponsors

Super Reaktioun!

Wéi heescht et esou schéin: "You can't win every game, but you can learn from every game". Och wann den Ausgang vum Match géint d'Pikes huet missen verdaut ginn, esou war dat awer mat Secherheet d'Reaktioun vun eiser Equipe: draus léieren an ofhaken! An dat huet een géint d'Sparta gesinn!

Am éischten Véierel huet d'Sparta Drock an der Défense gemach an mir hunn e bëssen gebraucht fir eis dorop anzestellen. Mat 22:22 war den éischten Véierel dann och ausgeglach. Den zweeten Véierel ass awer kloër un eis gangen an esou stoung et an der Paus 56:43. 

Bis zum Schluss gespillt

No der Paus konnten mer eisen Virsprong durch en 11:0 Laaf ausbauen a waren deemno nees relativ komfortabel vir. An hei huet sech dunn gewisen dass eis Equipe den Fehler fir e Gank zreck ze schalten net nach eng Kéier mecht: mir hunn bis zum Schluss alles ginn a konzentréiert virun gespillt. Dat gouf um Enn vum Match belount: mir hunn 102:66 géint d'Sparta gewonnen. Eng super Leeschtung vum ganzen Team! 

Fotoën op Facebook: HEI KLICKEN

An der Verlängerung veluer

 Den Ufank an den Schluss vum Match géint d'Musel Pikes haten eis Hären leider net am Grëff. Am Ufank hunn mer eis direkt e klengen Reckstand agehandelt, deen konnt awer durch en enormen Laaf net nëmme opgeholl mee an en komfortablen Virsprong verwandelt ginn. Bei eisem Géigner war dunn d'Loft e bëssen eraus an et huet net ganz vill bei hinnen fonktionnéiert. Mir hunn deelweis ganz flotten Basket gewisen a konnten deemno eisen Virsprong bis op e Maximum vun 26 Punkten ausbauen. Et huet ausgesinn wéi wann mer deen Match gewannen kéinten. Leider ass et eis awer an deem hei Match net gelongen konsequent bis zum Schluss schnell a fokusséiert durchzespillen. An dat huet eisen Géigner genotzt. Sie sinn lues a lues an d'Spill komm a konnten kurz virun Schluss ausgläichen.

Verlängerung

Et huet deemno missen an d'Verlängerung goën - déi mer dunn um Enn knapp verluer hunn: um Enn stoung et 95:92. Jo et ass schued e Match ze verléieren deen een eigentlech dominéiert huet, mee dat ass keen Grond de Kapp hänken ze lossen. Ganz am contraire, et war ëmmerhin e Match géint den Vize-Champion, an eis Equipe huet dominéiert - mat engem onglecklechen Ausgang. Et gëllt elo einfach déi puer kleng Sachen ze verbesseren déi derzou gefouert hunn dass et hei net duer gangen ass an virun allem sech mat aller Energie op den nächsten Match ze konzentréieren. Deen ass e Samdeg, 5.11.2016 doheem géint d'Sparta.

#ABCLetsGoMen

Dammen & Hären gewannen zu Diddeleng

Jeweils mat 2 Punkten am Gepäck sinn eis Dammen an Hären gescht vun Diddeleng zreck komm! 

No engem staarke Start vun Diddeleng waren eis Dammen no 10 Minutten 21-12 hannen, hunn dunn awer d'Defense ugezunn, vill Stealen erkämpft an och besser getraff! An der Paus waren se doropshinn 3 Punkten vir. No der Paus konnten eis Dammen durch eng anstänneg Teamleeschtung vun allen 9 Spillerinnen den Virsprong bis op 11 Punkten ausbauen an hunn de Match zum Schluss 49:60 gewonnen. Bravo Meedercher, gudd zreckgekämpft!

Duerno stoung dunn den Match bei den Hären um Programm. Wien gemengt hat dat géif eng eensäiteg Saach ginn....deen sollt Recht behalen! Et waren eis Hären déi den Match vun der éischter bis zur läschter Minutt an der Hand haten - mir hunn keen Véierel ofginn! Durch eng staark Defense an e gudd Zesummenspill konnten eis Hären weisen firwat sie bis elo an dëser Saison nach ongeschloën sinn! Jiddfer Spiller huet mat senger Leeschtung derzou bäigedroën dass et um Enn 70:82 fir Contern stoung - an och déi Spiller déi grad net gespillt hunn, hunn déi um Terrain kräfteg ugefeiert! Super Jongen! 

E Mëttwoch, 26.10.2016 steet iwregens den éischten Coupematch vun eisen Hären um Programm - sie spillen dann um 20h00 zu Monnerech géint den BC Mess(+10).

#ABCLetsGoLadies #ABCLetsGoMen

Mir gewannen géint Walfer

1 Heem- an een Auswärtsmatch waren bis elo gespillt. Resultat: 2x gewonnen. Mat Walfer stoung den drëtten Match vun der Saison um Programm an eis Hären haten sech natirlech virgeholl och deen Match ze gewannen. Virun enger gudd gefëllter Hal huet eis Equipe d'Grondlag vum Matchresultat dann och direkt am éischten Véierel geluecht. Deen ass mat 29:13 däitlech un eis gangen. Mee no den éischten 2 Spilldeeg wollt d'Résidence deen Match onbedengt gewannen an huet am zweeten Véierel dunn och eng Schëpp dropgeluecht. Sie konnten dunn och den zweeten an den drëtten Véierel vir sech entscheeden an et koum zu engem spannenden läschten Deel vum Match.

Durch eng super Teamleeschtung huet eis Equipe et färdeg bruecht dësen wichtegen Match um Enn ze gewannen. 5 vun eisen Spiller hunn 2-stelleg gescored! 

Den nächsten Week-end steet dann mam T71 keen einfachen Géigner um Programm, et heescht also elo sech d'ganz Woch konzentréiert virbereeden an dann fueren mer e Samdeg op Diddeleng. Mir invitéieren elo schon all eis Supporter dohinn ze kommen an eis Equipen zu Diddeleng unzefeieren: e Samdeg, 22.10.2016 geet et um 18h30 mat eisen Dammen lass.

Dammen an Hären hunn gewonnen

Dësen Weekend hunn eis béid Equipen an der TOTAL LEAGUE gewonnen. D'Dammen konnten sech e Freideg schon 41:82 géint den Telstar durchsetzen an eis Hären hunn geschter Owend mat 71:88 kloër géint Bascharage gewonnen. Den nächsten Match spillen eis Hären e Samdeg, 15.10.2016 Owes um 20h30 doheem géint Walfer. Eis Dammen spillen deen Weekend net. 

D'BALLE DE MATCH géint Walfer gëtt gesponsert vun der Firma SCHINDLER

  • 1
  • 2

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...