Il n'y avait pas photo!
Wat ënner normele Konditiounen schon schwéier genug gewierscht wier, war fir eis Dammenéquipe geschter Owend einfach net ze machen! Normalerweis huet egal wat fir eng TotalLeague Equipe nemmen eng Chance géint Steesel wann déi Equipe e gudde bis ganz gudden Daag huet, a wann glaichzäiteg Steesel nëmmen e mettleméissegen oder esouguer e schlechten Daag erwëscht. Geschter waren d’Konditiounen fir eis Conterner Meedercher au départ schon net dei bescht, wann een un d’Verletzung vum Lou (leider nach mei laang) an den Jetlag beim Bridget denkt. An dobai koum, dass mer vun Ufank un an der Offensive e schwieregen Daag erwëscht haten a weder eis puer oppen nach déi méi schwéier Wërf amache konnten. Eis Defense par contre war de ganze Match iwer engageiert an eigentlech och zimlech zolid!
Esou dass ënnert dem Strich awer, leider och mol eng net super Amicale Equipe eis de gréissten Deel vum Match domineiert huet an dann och verdengt gewonnen huet! En résumé, a wéi d’Franzouse géingen soën : il n’y avait pas photo! Op d’mannst emol geschter. Well am allgemenge si mer jo mat eiser Equipe ganz am Soll a wärten och eisen Niveau nees steigeren. Et brauch keen de Kapp an de Sand ze stierchen. Dass mer elo mol dräi Wochen kee Match hunn, misst eis jo och erlaben verschidede Saachen nei anzestellen an ze verbesseren. Mir gleewen alleguer dorun. Go ladies, go!




Et hätt net sollen sinn. Nach net. Nodeems den Jesse ganz fréih matt 3 Fehler belaascht war (éischten Véierel) huet eisen Coach missen reagéieren esou dass mir een Deel vum éischten Véierel an den kompletten zweeten Véierel mat just engem Profi gespillt hunn. Dobäi koum dass och den Alain schon fréih zwee Fehler hat. Den éischten Véierel ass mat 16:28 un Steesel gangen. Am zweeteten Véierel huet eis Equipe awer dunn gewisen firwat dass se ganz vir an der Tabell steet. Sie hunn et nämlech färdeg bruecht och matt just engem Profi den Retard vun 12 Punkten quasi komplett ozehuelen, den zweeten Véierel ass matt 30:19 un eis gangen!
Wéi heescht et esou schéin: "You can't win every game, but you can learn from every game". Och wann den Ausgang vum Match géint d'Pikes huet missen verdaut ginn, esou war dat awer mat Secherheet d'Reaktioun vun eiser Equipe: draus léieren an ofhaken! An dat huet een géint d'Sparta gesinn!
Den Ufank an den Schluss vum Match géint d'Musel Pikes haten eis Hären leider net am Grëff. Am Ufank hunn mer eis direkt e klengen Reckstand agehandelt, deen konnt awer durch en enormen Laaf net nëmme opgeholl mee an en komfortablen Virsprong verwandelt ginn. Bei eisem Géigner war dunn d'Loft e bëssen eraus an et huet net ganz vill bei hinnen fonktionnéiert. Mir hunn deelweis ganz flotten Basket gewisen a konnten deemno eisen Virsprong bis op e Maximum vun 26 Punkten ausbauen. Et huet ausgesinn wéi wann mer deen Match gewannen kéinten. Leider ass et eis awer an deem hei Match net gelongen konsequent bis zum Schluss schnell a fokusséiert durchzespillen. An dat huet eisen Géigner genotzt. Sie sinn lues a lues an d'Spill komm a konnten kurz virun Schluss ausgläichen.
