• 1

Sponsors

E Sonndeg besser machen

No enger durchwuessener Leeschtung verléieren eis Dammen geschter Owend mat 55-68 géint d'Pikes. Besonnesch an der zweeter Halschecht ware mer souwuel an der Offense wéi an der Defense ënnerleen! Elo heescht et fir de Retourmatch um 18h00 e Sonndeg Kraaft an Energie ze tanken an et op de Pikes besser ze machen!
Esoulang nach eppes méigelech ass, gleewe mer drunn! 
Go ladies go!

Dammen: Éischt Halleffinall en Dënschdeg, den 18. Abrëll

Nom läschten Playoff-Match steet fest dass eis Dammen d'Halleffinall géint d'Musel Pikes spillen. Un sech ass et schon am läschten Playoffmatch net méi wirklech em vill gangen. Dësen gouf knapps mat 67:69 verluer - géint d'Musel Pikes.

Fir eis Dammen geet et elo schon direkt d'nächst Woch virun, well den éischten Match gëtt schon en Dënschdeg, 18. Abrëll um 19h30 gespillt. A well d'Musel Pikes sech derfir entscheed hunn den éischten Match auswärts ze spillen gett dee Match en Dënschdeg bei eis zu Contern gespillt.

Hei den kompletten Programm vun der Dammen Halleffinall:

  • 18.04.2017 - 19h30 :  CONTERN - PIKES
  • 23.04.2017 - 18h00 :  PIKES - CONTERN
  • 28.04.2017 - 20h00 :  PIKES - CONTERN  (wann en 3. Match gespillt gëtt)
  • 1

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...