• 1
  • 2
  • 3

Sponsors

Fréih Fouls an onglecklechen Schluss

 Et hätt net sollen sinn. Nach net. Nodeems den Jesse ganz fréih  matt 3 Fehler belaascht war (éischten Véierel) huet eisen Coach  missen reagéieren esou dass mir een Deel vum éischten Véierel an  den kompletten zweeten Véierel mat just engem Profi gespillt hunn.  Dobäi koum dass och den Alain schon fréih zwee Fehler hat. Den  éischten Véierel ass mat 16:28 un Steesel gangen. Am zweeteten  Véierel huet eis Equipe awer dunn gewisen firwat dass se ganz vir  an der Tabell steet. Sie hunn et nämlech färdeg bruecht och matt just  engem Profi den Retard vun 12 Punkten quasi komplett ozehuelen,  den zweeten Véierel ass matt 30:19 un eis gangen!

 An der Paus stoung et deemno 46:47.

No der Paus war et dann och nach lang e spannenden an enken Match, mee den Jesse ass nie richteg an den Match komm, huet och net vill Bäll méi kritt an esou konnt hien seng gewinnten Stärkten net méi abrengen. Den drëtten Véierel ass matt 15:17 un Steesel gangen. Bis dohin war et wéi gesot nach ëmmer en ausgeglachenen Match. Eis Spiller hunn all gekämpft, mee op der Steeseler Säit haten ënnert anerem den Samy an den Billy een vun hieren ganz gudden Deeg erwescht esou dass et hinnen ca. an der Halschent vum läschten Véierel gelongen ass en Virsprong ze erspillen deen net méi opzehuelen war. 

#ABCLetGoMen 

Super Reaktioun!

Wéi heescht et esou schéin: "You can't win every game, but you can learn from every game". Och wann den Ausgang vum Match géint d'Pikes huet missen verdaut ginn, esou war dat awer mat Secherheet d'Reaktioun vun eiser Equipe: draus léieren an ofhaken! An dat huet een géint d'Sparta gesinn!

Am éischten Véierel huet d'Sparta Drock an der Défense gemach an mir hunn e bëssen gebraucht fir eis dorop anzestellen. Mat 22:22 war den éischten Véierel dann och ausgeglach. Den zweeten Véierel ass awer kloër un eis gangen an esou stoung et an der Paus 56:43. 

Bis zum Schluss gespillt

No der Paus konnten mer eisen Virsprong durch en 11:0 Laaf ausbauen a waren deemno nees relativ komfortabel vir. An hei huet sech dunn gewisen dass eis Equipe den Fehler fir e Gank zreck ze schalten net nach eng Kéier mecht: mir hunn bis zum Schluss alles ginn a konzentréiert virun gespillt. Dat gouf um Enn vum Match belount: mir hunn 102:66 géint d'Sparta gewonnen. Eng super Leeschtung vum ganzen Team! 

Fotoën op Facebook: HEI KLICKEN

An der Verlängerung veluer

 Den Ufank an den Schluss vum Match géint d'Musel Pikes haten eis Hären leider net am Grëff. Am Ufank hunn mer eis direkt e klengen Reckstand agehandelt, deen konnt awer durch en enormen Laaf net nëmme opgeholl mee an en komfortablen Virsprong verwandelt ginn. Bei eisem Géigner war dunn d'Loft e bëssen eraus an et huet net ganz vill bei hinnen fonktionnéiert. Mir hunn deelweis ganz flotten Basket gewisen a konnten deemno eisen Virsprong bis op e Maximum vun 26 Punkten ausbauen. Et huet ausgesinn wéi wann mer deen Match gewannen kéinten. Leider ass et eis awer an deem hei Match net gelongen konsequent bis zum Schluss schnell a fokusséiert durchzespillen. An dat huet eisen Géigner genotzt. Sie sinn lues a lues an d'Spill komm a konnten kurz virun Schluss ausgläichen.

Verlängerung

Et huet deemno missen an d'Verlängerung goën - déi mer dunn um Enn knapp verluer hunn: um Enn stoung et 95:92. Jo et ass schued e Match ze verléieren deen een eigentlech dominéiert huet, mee dat ass keen Grond de Kapp hänken ze lossen. Ganz am contraire, et war ëmmerhin e Match géint den Vize-Champion, an eis Equipe huet dominéiert - mat engem onglecklechen Ausgang. Et gëllt elo einfach déi puer kleng Sachen ze verbesseren déi derzou gefouert hunn dass et hei net duer gangen ass an virun allem sech mat aller Energie op den nächsten Match ze konzentréieren. Deen ass e Samdeg, 5.11.2016 doheem géint d'Sparta.

#ABCLetsGoMen

  • Aktion unseres Partners JOIN!

    JOIN Experience, unser neuer Partner und Sponsor bietet Ihnen zusammen mit dem AB Contern ein paar "special Deals" an! Read More
  • Quetschefest 2016

    Auch 2016 wird wieder unser traditionnelles "Quetschefest" stattfinden! Voraussichtlich wie immer im Monat September beim Cactus "Houwald". Read More
  • 1
  • 2

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...