Léif Frënn vum AB Contern,
Mir sinn ganz houfreg fir Iech matzedeelen, dass mir mat 3 Jugendéquipen an den Finallen vun der Coupe de Luxembourg stin.
Mir invitéieren Iech heimatt ganz häerzlech fir se an d'Coque ënnerstëtzen ze kommen.
Et geet un den 21. Abrëll am Gymnase vun der Coque mat eisen Filles Scolaires géint den Telstar Hesper um 15:00 Auer. Duerno spillen ons Cadettes em 16:45 Auer géint Sparta Bartreng.
Den 28. Abrëll um 16:45 Auer spillen dann ons Cadets géint Sparta Bartreng an der Arena vun der Coque.
Troteren, Trommelen, Fändelen sin wëllkomm, an mir doen eis an den Veräinsfaarwen un (ënnen blo an uewen wäiss).
T-shirten an Schaaler mam Logo vum Club kritt Dir bei den Memberen vun der Jugendkommissioun.
Let's go Contern!

Archiv















