Sponsors

Eis Dammen stinn an der 1/2 Finale !

Dräi Matcher viru Schluss vum Playoff hunn eis Meedercher gëschter Owend, no engem gudden a richteg intensiv gefouerte Match, de Sak zougemaach an et ass elo « gebongt » : och dëst Joer stinn eis Dammen erëm an den Halleffinallen vum Championnat, déi den 1. Mee wäerten ufänken!

Ob géint Steesel, Pikes oder Diddeleng, dat hänkt vun de läschte Matcher of.

Mir hate gëschter Owend e super Start an de Match, awer Ettelbréck huet ni opginn. Mee mir hunn och gutt dergéint gehale an de ganze Match deelweis mat iwwer 10 Punkte gefouert. Et huet schonn eng kompakt Leeschtung vun der ganzer Equipe gebraucht fir net awer um Schluss nach ze verléieren, wéi an der Coque (ënner deene speziellen Ëmstänn) oder zu Ettelbréck (wou mer och am Ufank wäit vir waren). Elo heescht et weider schaffen. Weider zesummen als Team spillen. Weider dru gleewen!

It’s just the beginning! Kommt och dir eis Meedercher ënnerstëtzen !

  • 1

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...