• 1

Sponsors

Basketbutzen komplett ausgebucht

Durch den enormen Succès bei eisen Basketbutzen/Débutants, ass et eis fir de Moment leider net méi méigelech nei Butzen oder Débutants (Samsdes) unzehuelen. Fir d'Butzen kennt der iech awer gären iwwert This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. mellen an op eng Wardelescht schreiwen, bei den Débutants ass et weiderhinn méiglech fir Dënschdes ze kommen.
Mir hoffen op ärt Verständnis an sinn frouh dass iech an virun allem ären Kanner eis Offer esou gutt gefällt.

Preseason Dammen - 69:66 géint d'Etzella

E Freideg den Owend hunn eis Dammen hieren Testmatch mat 69-66 géint d'Etzella gewonnen ! Sie sinn gutt an de Match komm, besonnesch duerch d’Jessy Goergen an d’Rachel Howard. Eis Equipe huet och de ganze Match gefouert, och wann de Match ëmmer méi equilibréiert ginn ass (Dräier vun Yderstroem an Petrova). Vun eiser Equipe hu mer schon eng Rutsch gutt Saache gesinn, mee och e Koup wou nach muss dru geschafft ginn! 

Dat geschidd ënner anerem am Stage deen eis Meedercher den nächsten Weekend wäerten maachen, mat ënnert anerem e Sonndeg den Owend engem Match zu Knokke géint déi belsch Equipe vu Sparta Laarne aus der ieweschter belscher Divisioun.

Preseason Dammen - INFO

Den éischten Preseason Match vun eisen Dammen, deen e Freideg, den 25ten August em 20h30 zu Contern sollt géint den Telstar sinn, ass finalement elo géint d'Etzella ! 20h30 dësen Freideg zu Contern !

Saison 2017/2018 - Regelännerungen

Ab der neier Saison 2017/2018 ginn et folgend 2 wichteg Regelännerungen:

1."Marcher" / “Travel“ 

Et kann een ab der neier Saison e Schrëtt machen éier een dribbelt wann een während dem Lafen eng Pass kritt. Dëst kënnt mat Secherheet den Spiller aus den USA entgéint déi öfters eng Zäit gebraucht hunn fir sech unzepassen.

"You can now make a step before dribbling the basketball when you catch it while running. This new rule will certainly help the foreign players from the United States that always have had problems to adapt to the European rule before." 

 

2. "Onsportlech Fehler / “Unsportsmanlike fouls“

Intentionnell Fehler bei "fast-break" oder "transition" Situatiounen ginn als onsportlechen Fehler gepaff!

Dëst gëtt secherlech agefouert fir d'Spill méi schnell ze machen well et dem Géigner net méi erlabt iwwert de Wee vun engem schnellen Foul en Kuerf ze verhenneren. Un dës Regelännerung mussen sech d'Equipen secherlech gewinnen, vue que dass dëst oft e Mëttel war fir Vitesse aus dem Géigner sengem Spill ze huelen. Wichteg ass ze notéieren dass dëst just dann als onsportlechen Fehler gepaff gett wann keng Chance do war de Ball ze beréieren oder den Ball iwwert en Steal ze kréien.

"Intentional fouls in “fast-break“ or “transition“ situations will be called with an unsportsmanlike foul. 

This rule has certainly been adapted to speed up the game and not allow a team to stop the other team from scoring by using a quick foul. Teams will have to adapt to this new rule as it has become standard over the last years to use fouls to slow the other team down and avoid fast-break-points. It has to be noted that only intentional fouls (fouls where there was no chance to touch or steal the ball) will be called as unsportsmanlike fouls."

Franck Mériguet gëtt neien Härencoach

Den fréieren Trainer vun Esch an der Nationaléquipe, Franck Mériguet, 43 Joër aal,  iwerhëllt den Posten vum Headcoach bei eisen Hären esou wéi eisen Cadets an Espoirs. 

Bienvenue à Contern !

  • 1

B-BALL for dummies Basketball Begriffe erklärt

Du hast dich schon öfters gefragt was eigentlich mit "Pick & Roll" gemeint ist? Oder was genau man unter "Slam Dunk" versteht? 

mehr...