THE LATEST NEWS

Men's team - Chad Gray joins AB Contern

We are pleased to announce Chad Gray on the second of our two NON-JICL spots.

His athletic and inside/outside game makes him interesting for AB Contern. Chad is a 27 year old, 201cm tall, athletic power forward who can play inside positions as well as taking three-point shots from outside.
 
Chad started his college career at University of South Carolina and played his last two years for the Coastal Carolina College, where he finished his Senior year with 14.6 ppg, 6.3 rpg & 1.2 bpg. He won twice the championship of the Big South Conference in NCAA.
 
He started his professional basketball career in Danemark for the champions of Bakken and moved the same season to The Kapfenberg Bulls in Austria. Last season Chad played for Nördlingen in Germany Pro B League.

Welcome in Contern Chad !

Toyota by Lentz Toyota by Lentz Toyota by Lentz Dussmann Voyages Weber Chaux de Contern IEE Raiffeisen DFI Sodexo Diekirch Immocube Bahlsen Bahlsen Mathes MDesignCASC.EU

Hiphip hurra - Hattrick gepackt !

An deenen läschte 5 Deeg hunn d'Conterner Meedercher dräi Championstitele gewonn! Och eis Filles Scolaires ginn Champion 2013!

No de Cadettes géint Hesper, an den Espoires op Christi Himmelfahrt géint Esch hunn och eis Filles Scolaires mat enger aussergewéinlech staarker Leeschtung ganz héich 87-52 hir "Finale" zu Ettelbréck gewonnen. An dat obschonn sie mat enger laanger Lescht vu blesséierten Spillerinnen ze doen haten. Aus dem üblechen "starting five" hunn d'Nationalspillerinnen Sara Hilger a Julie Mangen esou wéi och eis gréissten Spillerin d'Isabelle Scheideler gefehlt. Ausserdeem hunn nach d'Mandy Modert (wat jo och oft zum Stammpersonal gehéiert huet) an d'Jessica Hommel missen passen fir de Showdown vun hirer Saison.

mehr...

Aus eiser Serie "Fussball beim BASKET"

an Henkes, den 25. Mee um 20h45

Apéro an Pronostiken ab 19h00

Fir e gegrillte Wupp oder Metti mat engem sëffege Patt ass beschtens gesuergt !

Ob der fir déi roud a blo oder fir déi giel a schwarz haalt, et wärt vill Freed ginn !

Eis Jugend

Eis Cadettes sinn Champion 2012/2013 !

An och eis ESPOIRES hunn et gepackt an kënnen sech Champion 2012/2013 nennen!

Gratulatioun un béid Equipen fir hier Leeschtung ! Den nächsten RDV ass dësen Sonndeg, 12.5.2013 um 13h45 zu Ettelbreck. Do spillen eis Filles Scolaires dann em den Championstitel! Gidd sie ënnerstëtzen!

Men's team - Jefferson Mason joins AB Contern

We are pleased to announce Jefferson Mason on one of our two NON-JICL spots.

Especially his versatility makes him interesting for AB Contern. Jefferson Mason is an 25 year old, 198cm tall, extremely athletic small forward who can move further down to the guard position and to the backboard.

He played his first three seasons of college basketball at N.Colorado (NCAA) playing a total of 58 NCAA games.

He then played at Minnesota State-Mankato (NCAA2) from 2009-2011 and in his senior year he played 33 games: 19.2ppg, 8.8rpg, 2.2apg, 1.2spg, FG%: 55.5, 3FG%: 30.6, FT%: 70.0. He started his professional basketball career in Germany for the Webmoebel Baskets Paderborn (Germany-ProA, starting five): 31 games: 17.1ppg, 6.7rpg, 2.3apg, FGP: 56.5%, 3PT: 31.8%, FT: 65.8%. He scored in double figures 28 times and scored 20 points or more 10 times.

Welcome in Contern Jefferson !

Jugend - Stage vun den Scolaires

Eis Scolaires haten den Weekend vum 27-28 Abrëll 2013 en Stage zu Iechternach an der Jugendherberg ënnert Uleedung vun hierem Trainer Christophe Ney mat Hellef vum Jean-Pierre Fransquet.
Ausser Basketball war och Klammen un der Kletterwand um Programm an esou gouf niewt hardem Training och den Equipengeescht gestärkt. Esou wuel eis Jongen wéi och d'Organisateuren sinn zefridden heem gangen.

    

Women - Bridget Yoerger & Nadine Grieb

Den AB Contern as frou matzedeelen, dass esouwuel d'Bridget YOERGER wei och d'Nadine GRIEB hiere Kontrakt verlängert hunn an also och d'nächst Saison fir den AB Contern spillen.
 
AB Contern freut sich mitteilen zu können, dass sowohl Bridget YOERGER als auch Nadine GRIEB ihre Vertraege verlängert haben und demnach auch nächste Saison fuer AB Contern spielen.
 
AB Contern a le plaisir d'annoncer que tant Bridget YOERGER que Nadine GRIEB ont prolongé leur contrat et joueront la saison prochaine pour l'équipe Dames de Contern.
 
AB Contern is pleased to communicate that both Bridget YOERGER and Nadine GRIEB have extended their contracts and will play for AB Contern next season.
 

Men's team

Wéi schon op diversen Platzen publizéiert, wiesselt den Ted Schleimer, deen studienbedengt just Freides zu Lëtzebuerg kann sinn, matt der Saison 2013/2014 bei d'U.S. Hieffenech.

Mir soën dem Ted Merci fir dat wat hien bis elo beim AB Contern geleescht huet a wënschen him weiderhinn alles Guddes fir den Rescht vun sengen Studien an fir seng sportlech Zukunft.

Um Wee no uewen

Um Wee no uewen geet et fir eis Dammen schonn dësen Donneschdeg ëm 19h30 zu Ettelbréck weider mam éischte Match vun der Halleffinale vum Championnat den zweete Match ass da schonn e Samschdeg ëm 20h30 zu Contern (Match vun eisen Filles Scolaires géint Pikes ëm 18h15)
 
No zwou relativ däitleche Victoiren dëse Weekend zu Diddeleng an op der Sparta, hunn eis Meedercher punktgläich mat Ettelbréck op der zweeter Plaz ofgeschloss, hunn awer duerch d'Punktedifferenz aus den zwee Matcher géint ettelbreck der Etzella de Virdeel missen iwwerloossen. Eng Plaz déi munchereen am Contern Lager wuel erhofft hat, mee déi awer guer net evident war, besonnesch nodeems just virum Ufank vun der Saison nach e puer vun eise Géigner sech duerch Situatioun mat der Hiefenecher Equipe nach verstäerke konnten.

mehr...

Alles kloër gemach!

Gratulatioun an Merci un eis Härenéquipe!

Mam Match géint Miersch hunn sie alles kloër gemach an kennen sech op d'nächst Saison an der Total League freen. No Ouschteren steet dann den 6. Abrëll um 20h30 nach een Match doheem géint Zolwer unn. Och Zolwer konnt sech mëttlerweil den Klassenerhalt secheren, esou dass d'Supporter vun béiden Veräiner deen Match eigentlech entspaant kucken an genéissen kennen. Duerno kann dann nach e bëssen an der flotter Buvette vun eiser Haal gefeiert ginn.

Let's go Contern !

Knapp verluer ... an trotzdem um Wee no Uewen!

Zanter Ufank Oktober huet d'Dammenéquipe vun de Pikes kee Match méi verluer!

Eis Equipe, déi weinst Verletzung ouni d'Anne a quasi och ouni d'Claire huet misse spillen, wier also virum Match mat engem knappe Resultat net onzefridde gewiescht. Dass eis Meedecher an engem gréisstendeels gudden an iwer déi ganzen Zäit interessante Match  (40-42 fir d'Pikes an der Paus) no der Paus opgedréint hunn (65-61 fir Contern no 30 Minutten an esouguer 77- 65 no 35 Minutten) huet d'Zuschauer un eng Sensatioun gleewe gedoën. D'Pikes haten déi zwee Knéien schon um Buedem, mee mir hunn si erem opstoë gelooss! Null Punkten an de laeschte 5 Minutten an e Run vun 14-0, dorënner 10 Fréiwërf, hun um Enn awer d'Pikes rëm gewanne gedoen. Mir hunn also gudd gespillt, mais de Schluss net gudd geréiert, ... mee trotzdem gewisen dass mir (bal ) op "Augenhöhe" sinn!
 
Dat versprecht fir d'Zukunft!
 
D'Dammen spillen hier läscht Playoff Matcher zu Diddeleng (Freides de 5ten Abrëll ëm 18h45) an op der Sparta (Sonndes de 7ten ëm 15h00)!

Nice win, ladies !

Mat hirer Victoire géint Ettelbréck gëschter Owend huet eis Dammenequipe sech definitiv nom éischte Retourmatch vun de Playoffs fir d'Halleffinalle vum Championnat qualifizéiert! Dat eleng verdéngt schonn mol en decke BRAVO!
 
Am Ufank vum Match hat et allerdéngs net no enger Victoire ausgesinn, well iwwer 13-19 nom éischte Véirel stoung et 23-38 zwou Minutte virun der Paus; dunn ass awer nach e Ruck duerch d'Equipe gaang a mir konnten eis bis op 33 - 38 an der Paus erunbaggeren.

Ab dem drëtte Véirel hunn eis Meedercher dunn richteg opgedréint an och gutt getraff: d'Bridget an d'Nadine vu bannen, d'Claire.d'Flou an d'Lou vu baussen, all gutt agesat vum Lynn ( 9 assists!) hunn zum Schluss 88 Punkten an 11 Dräier ( ! ) op der Lee gehat an Ettelbréck (zwar och mat 6 Dräier vum Anni Petrova an de Schreiner sisters) huet sech misse geschloe ginn! Ganz staark kollektiv Leeschtung vum Fabienne senger Equipe also (op d'mannst an der zweeter Halschecht), déi et elo heescht ze confirméieren, ...en attendant la suite!
 
Muer um Sonndeg Mëtteg ëm 16h00 geet et weider zu Steesel, an dann de nächste Freideg owes ëm 20 00 ass de Match zu Contern géint Pikes (dee Match ass virverluecht ginn, well d'Anne Ludivig Samschdes Moies mat senger Schoulklass an d'Ausland fuere muss!)
 
Datumer vun den Halleffinalle sinn: Donneschdes den 11. Abrëll , Samschdes den 13. Abrëll a - wann néideg - Freides den 19. Abrëll - SAVE THE DATES!

... géint wien a wou wësse mer eréischt méi spéit!   Klickt HEI fir den Verlaf vum Match nozeliesen.


Upcoming matches
Men
No games scheduled
Women
Latest results
11-04-2013 19:30
Etzella 71 : 60 AB Contern (D)
06-04-2013 20:30
AB Contern 104 : 85 AS Zolwer